Mäin Kollekt Kalenner

Kalenner 2022

Hei fannt Dir den Kalenner vun der Kollekt an ärer Gemeng am Réseau vum SIDEC (Norden, Zentrum) respektiv SIGRE (Osten).
Dëst am iCalendar Format. All déi gängeg Plattforme verstinn den iCalendar Dateformat.

Microsoft: Windows, Outlook
Apple: Siri, iCloud, macOS, iOS, iPadOS, watchOS
Google: Android, GMail
Amazon: Alexa, Echo
Mozilla: Thunderbird
Home Automation: FHEM, Home Assistant hass.io, Domoticz

Download

Wielt är Gemeng an klickt op Download. Oder scannt den QR Code mat ärem Smartphone.

Wéisou?

Een Kalenner deen an äre digitalen Ekosystem passt.
Integratioun an är Home Automation.
Dir sidd esou net un eng Smartphone App gebonnen.

Wat?

Um Kalenner ze fannen sinn all d'Deeg fir d'Kollekt vun Déchets ménagers, Déchets organiques, Glas, Blo Tut, an Pabéier/Kartrong.
Doriwwer eraus och Sperrmüll, Schrott, Elektronik, Kleeder, Grünschnitt, an Chrëschtbeemchen falls är Gemeng dëse Service ubitt.

Wéi vill?

D'Eroflueden vum Kalenner ass gratis.
Mir invitéieren Iech awer een Don un d'Lëtzeburger Déiereschutzliga ze maachen. Mentioun "Shiro & Pebbles - kalenner.homefield.lu".
Eis Adoptivmuppen, d'Shiro an den Pebbles soen Merci! Wuff, wuff!
Blo

Beispiller

Apple iPhone iOS

Den Kollekt Kalenner um iPhone.
Kollekt Colmar-Bierg an iOS Calendar

Apple macOS Calendar

Den Kollekt Kalenner um Mac.
Kollekt Ettelbréck an macOS Calendar

Amazon

Prakteschen Alexa Skill: Abfallkalender.

Mozilla Thunderbird

Den Kollekt Kalenner am Thunderbird.
Kollekt Gréivemaacher am Mozilla Thunderbird

FAQ

Dës Gemengen hunn (nach) keng Daten publizéiert:

Dalheim
Junglinster
Rosport-Mompach

Lizenz

Jiddwer Reproduktioun, gedréckt, online, oder an enger anerer Form, vun engem oder méi QR Code, ass erlabt wann se begleed ass vun der Mentioun "Copyright 2020-2022 Laurent Baum, URL https://kalenner.homefield.lu" .

Kontakt

Schreiwt eis
Followt eis

Copyright 2020-2022 Laurent Baum